Alerte jauneWarnung viru méiglechen Donnerwieder, Knëppelsteng a staarkem Wand

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux mellt, riskéiert et um Freideg am Nomëtteg ongemittlech am Land ze ginn. Vu 15 Auer u gëllt eng Alerte jaune fir dat ganzt Land.

Wéi op Meteolux ze liesen ass, besteet de Risk vu Knëppelsteng, staarken Reen a Wand. Och Donnerwieder si plazeweis méiglech. D'Situatioun wier awer nach zimmlech onstabil, dofir misst een am Laf vum Dag kucken, wéi sech d'Wieder entwéckelt.

Dem Wiederradar no, ass virun allem tëscht 15 a 16 Auer mat Donnerwiederen ze rechnen.

Da gëtt et och eng Warnung virun héijen Ozonwäerter. De seuil de pré-information (160 µg/m³) kéint am Laf vum Dag erreecht an iwwertraff ginn.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO