Virolog Claude MullerWaringo-Rapport wier gefälleg an ouni Ambitiounen

RTL Lëtzebuerg
De Virolog vum Luxembourg Institute of Health schwätzt vun enger administrativer Fläiss-Aarbecht ouni Usproch wëssenschaftlech ze sinn an opzeklären.
© RTL Archivbild

Dat beklot de Virolog e Samschdeg am Wort an der Rubrik "Analyse a Meenung".

Vill Froe wieren ouni Äntwert bliwwen. Firwat gouf net méi an den Haiser getest, sou de Claude Muller, deen och d'Fro opwërft, firwat den Alters- a Fleegesecteur net méi an den deiere Large-Scale-Testing agebonne gi wier. De Rapportgéif op alle Fall op dësem kriddelege Sujet total versoen. E géing och kee Wuert driwwer verléieren, firwat d'Impfbereetschaft a verschiddenen Haiser relativ niddereg gewiescht wier.

Back to Top
CIM LOGO