
Mat CovidCheck a Schnelltester waren deen een oder anere Patt dëst Joer nees dran. Mä et gouf och geschafft, an zwar mat politesche Rendez-vouse ronderëm d’Thema: Wat maache Studenten, déi am Ausland gelieft hunn, wa se den Diplom an der Täsch hunn? Bleiwe se zu Paräis, Berlin oder München, oder kommen awer zeréck an de klenge Grand-Duché?
Déi meescht Studentinnen a Studente bleiwen net zu Lëtzebuerg. Si ginn an d'Ausland an e puer vun hinne kommen net méi sou séier rëm. Wéi vill dat der sinn, ass quasi onméiglech ze soen. Dofir gouf am Kader vun der politescher Table Ronde op der gréisster Studentereunioun e Live-Sondage gemaach. Vun de ronn 120 Leit huet ronn een Drëttel d'Hand gehuewen bei der Fro, ob Lëtzebuerg keng Optioun ass.
De Benjamin Kinn, President vun der Associatioun vun den Lëtzebuerger Studentecerclen:
"Et si vill Aspekter. Firwat kommen Lëtzebuerger net zeréck? Sinn et d’Wunnengspräisser oder aner Problemer. Déi Fro hu mir eis gestallt.’"
An effektiv: d'Präishausse um Wunnengsmaart mécht Lëtzebuerg net attraktiv.
De Max Molitor, Student zu München: "Wann een net bei de Staat geet, huet een et schwéier um Wunnengsmaart. Virun allem wann een net ganz hannert d’Grenz wëll."
D'Studente verlaange Léisunge vun der Politik. Dat hu se dem Héichschoulminister Claude Meisch kloer gesot.
"D'Situatioun ass schwéier. Dat hunn déi Jonk och betount. Mir wëssen, dass mir gefuerdert sinn."
Detailer gouf et keng, mä den Minister huet de Studente gesot, de Premier géif a senger Ried zu der Lag vun der Natioun eng oder déi aner Mesure annoncéieren.
D'Parteipresidentin vun déi Gréng Djuna Bernard wëll alternativ Wunnkonzepter promouvéieren: "D'Hallschent vum Raum huet ausgestreckt, wéi ech gefrot hunn, wien a WGe lieft. Vill Jonker wäre bereet och am Ufank vun hirer Karriär zu Lëtzebuerg nach esou ze wunnen. D’Politik ass gefuerdert, dass dat legal méiglech ass, zu puer zesummen an engem Stot ze wunnen."
Kloer ass op alle Fall: de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart brauch Leit mat Diplom, wéi de President vun der Unioun vun den Entrepreneure Michel Reckinger betount:
"Et ass en dynameschen Aarbechtsmarché. Mir brauchen tëscht 10.000 a 15.000 Leit, fir déi Plazen, déi all Joer geschaaft ginn. Mir brauche Lëtzebuerger a Leit aus dem Ausland."
Gréisst Konkurrenz fir de Privatsecteur ass de Staat mat sengen héijen Salairen virun allem am Ufank vun der Karriär. Mä och an der Fonction Publique gi Leit gebraucht. Jidderee sicht an dofir ginn et eigentlech wéineg Leit mat Diplom, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, wéi den Tom Oswald, Coordinateur général am Aarbechtsministère erkläert:
"Et sinn 900 Leit tëscht 16 an 30 Joer, déi eng Aarbecht sichen, an do sinn 18 Prozent Studenten dobäi."
Jidderee war sech awer eens: eng Zäit am Ausland wunnen ass gesond, an am Beruff ëmmer méi wichteg. Dat huet den Honorarkonsul vum Grand-Duché zu München Axel Gränitz betount, dee selwer en impressionante Liewenslaf op internationalem Niveau virweise kann.
"Et soll een international ënnerwee sinn. Dat Interkulturellt ass wichteg. D’Méiglechkeeten, déi et zu Lëtzebuerg ginn, weisen awer ganz kloer, dass d'Experienzen aus dem Ausland dann nees Doheem agesat solle ginn."
No 4 Deeg mat intensive Gespréicher, deels ouni, dacks mat Patt, fueren d'Studentinnen a Studenten nees zeréck an hir respektiv Stied: Stroossbuerg, Wien, Zürech, awer wéineg op Lëtzebuerg.