SidereWaasser-Syndikat fir d'Ostregioun mat Entwarnung fir 8 Gemengen

RTL Lëtzebuerg
Et geet ëm d'Drénkwaasser an de Gemenge Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Manternach, Mäertert, Rouspert-Mompech a Wuermer.

D'Awunner kënnen d'Drénkwaasser do nees ouni Bedenken consomméieren.

D'Waasser wär net polluéiert, wéi dat déi lescht zwee Deeg gefaart gi war.

Et hätt zu kengem Ament eng Gefor fir d'Gesondheet bestanen.

Dat deelt de Waasser-Syndikat fir d'Ostregioun SIDERE mat, nodeems een de Reseau an Zesummenaarbecht mam Waasserwirtschaftsamt an de Partner-Syndikater iwwerpréift hat.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Par la présente, le SIDERE annule le communiqué de presse de vendredi soir et samedi concernant une éventuelle pollution de l'eau potable.

Après vérification du réseau, réalisée en collaboration avec l’Administration de la Gestion de l’Eau et les syndicats d’eau partenaires, il s’est avéré que l'eau peut être consommée à nouveau sans hésitations.

Le SIDERE s’excuse pour les désagréments encourus.

Back to Top
CIM LOGO