Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.725 Tester waren der 123 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 819 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 11 Persounen hospitaliséiert, dovunner 4 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 633.974 Impf-Dosisse genotzt. 2.537 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 5.147 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO