Coronavirus zu LëtzebuergVun 7.095 Tester waren der 190 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 133 bliwwen ass.

Aktuell sinn 53 Leit hospitaliséiert, 3 Persoune dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.591 aktiv Infektiounen. 8.306 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,190.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO