
Um Donneschdeg war et dat lescht Doudesaffer zu Lëtzebuerg.
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 115 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 6.380 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell sinn 28 (-2) Leit hospitaliséiert, 3 (-2) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.156 aktiv Infektiounen. 7.428 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91.