Alkoholkontroll zu Biwer a WaasserbëllegVun 327 geteste Chauffere waren der 3 positiv, 2 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend tëscht 20.15 an 23 Auer huet d'Police op Uerder vum Parquet d'Chaufferen zu Biwer a Waasserbëlleg op Alkohol kontrolléiert.
© RTL Archivbild

Am Ganze goufen 327 Automobiliste kontrolléiert, dovun haten der 3 ze vill gedronk. Zwee Permise goufen nach op der Plaz agezunn.

Beim Rond-point Irgäertchen ass enger Patrull kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg e Chauffer opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war.

E war staark alkoholiséiert. Och hei gouf de Führerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO