
Aktuell sinn 41 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 15 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 850.173 Impf-Dosisse genotzt. 2.792 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 419.166 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,25. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. Déi aktiv Infektiounen leien den Ament bei 2.640.