Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.287 Tester waren der 47 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 827 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 740.242 Impf-Dosisse genotzt. 480 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.704 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO