
Aktuell sinn 41 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 841.249 Impf-Dosisse genotzt. 2.684 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn. 417.584 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,19. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.