
Aktuell sinn 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun. Ee Patient aus der Belsch läit ausserdeem de Moment zu Lëtzebuerg op der Normalstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 835.727 Impf-Dosisse genotzt. 3.579 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 417.075 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 2.031 aktiv Infektiounen, 79.311 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.