Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.114 Tester waren der 161 positiv, 4 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 521 läit.

Aktuell sinn 104 Patienten hospitaliséiert, dovunner 26 (-2) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

CORONAVIRUS – RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO