Dat seet de Spriecher vun der Covid-19-Taskforce, den Ulf Nehrbass, am RTL-Interview. Op Basis vun enger Etüd aus Israel géif ee gesinn, datt d'Presenz vum Coronavirus an der Gesellschaft duerch d'Impfung erofgeet. Bis elo wier awer nach net ofschléissend bewisen, datt een no enger Covid-Impfung net méi ustiechend ass. Duerfir wier et fir d'Fuerscher ganz interessant, hei méi genee hinzekucken.
Mat 50.000 Leit kéint ee scho ganz gutt Conclusiounen zéien, seet de Spriecher vun der Taskforce.
Dat ass allerdéngs nach Zukunftsmusek. Soulaang Lëtzebuerg net genuch Impfstoff huet, kéint ee keng Vaccine fir d'Fuerschung reservéieren. D'Taskforce hätt sech och iwwerluecht, ob ee kéint zousätzlechen Impfstoff kréien. Ma weder Pfizer nach Moderna kéinten den Ament reng gesetzlech méi Vaccinen op Lëtzebuerg liwweren. Méiglech wier och, mat Impfstoffer ze schaffen, déi bis ewell nach net an der EU zougelooss sinn. Dat ass zum Beispill fir de russesche Sputnik V de Fall. Dem Ulf Nehrbass no gëtt et den Ament ganz gutt Impfstoffer, déi nach net autoriséiert sinn. Do misst ee sech just d'Fro stellen, ob d'Leit sech dee géife sprëtze loossen.
Et wier op alle Fall ganz wichteg, datt Lëtzebuerg séier genuch Impfstoff kritt.
De Staatslabo LNS ass iwwregens antëscht och Bestanddeel vun der Taskforce. Duerch d'Verbreedung vun den neie Virus-Mutatiounen ass et den Ament jo extrem wichteg, fir sou vill wéi méiglech Prouwen ze sequenzéieren, fir ze wëssen, wéi verbreet déi mutéiert Virus-Varianten hei am Land sinn. Et lafen donieft och Iwwerleeungen, fir d'Presenz vun de Covid-Mutatiounen am Ofwaasser detektéieren ze kënnen.
Varianten an de Kläranlage bestëmmen?
E weidere wichtege Sujet fir d’ Task Force ass et, erauszefannen, wéi eng Variante vum Virus am Land zirkuléieren, de Staatslabo schléisst sech dofir den aneren Instituter un. Aus den Date vun de Kläranlage kéint een erausliesen, wéi eng Variante virun allem bannent der Populatioun zirkuléieren. An ob sech eventuell verschidde Variante méi staark duerchsetzen, esou den Ulf Nehrbass.