Interview mam Lex DellesVum 26. Dezember un dierfe Butteker net méi alles verkafen

Pierre Jans
Just nach "essentiell" Produiten dierfen ugebuede ginn. E Commerçant dierf net-essentiell Produiten awer liwweren, oder dobausse verkafen, op Commande.
Nei Restriktioune gëlle vum 26. Dezember un
Dovu betraff ass och de Commerce. Et dierfe just nach "essentiell" Produiten ugebuede ginn. Fir d'Butteker heescht et elo ëmdisponéieren.

Vun dësem Samschdeg u gëllen déi nei Covid-Restriktiounen an dat bis den 10. Januar. Déi Haapt-Mesurë sinn, dass d’Ausgangsspär vun 23 op 21 Auer no vir geréckelt gëtt, dass de Konsum vun Alkohol op der Voie publique verbueden ass, dass all rekreativ oder sportlech Aktivitéit op 2 Persoune limitéiert ass, sief dann et ass ee Stot.. an dass net-essentiell Geschäfter, respektiv Rayone vun elo zou sinn. Iwwert de Sënn an d'Ëmsetzung vun dëser leschter Mesure huet de Pierre Jans mam Mëttelstandsminister Lex Delles geschwat.

Déi nei Mesuren / Interview mam Lex Delles

Déi éischt Butteker haten sech virun de Feierdeeg schonn op déi nei Mesure preparéiert. Verschidde Rayone goufen ausgeraumt.

Den zoustännege Minister Lex Delles: ''Et ass definéiert ginn, wéi eng Produiten dierfe verkaaft ginn. Dat si Produiten, déi essentiell sinn. Zum Beispill alles wat Alimentatioun ass.''

Aner Produiten, déi een nach déi nächst 14 Deeg ze kafe kritt, sinn nach Medikamenter, Hygiènesproduiten, Brëller a Kontaktlënsen, Bicher an Zeitungen, Kichegeschier, Bensin a Brennes, och den Tubak gëllt als essentiell, an esouguer Telekommunikatiounsartikelen... do virop d'Handyen.

Tëleeën a Konsolen dierfen net verkaf ginn, grad ewéi vill aner Produiten, zum Beispill Spillsaachen a Vëloen. Coiffere mussen zoubleiwen. D'Police soll kontrolléieren, ob d'Patronen sech un all dës Mesuren halen.

E Commerçant dierf net-essentiell Produiten awer liwweren, oder dobausse verkafen, op Commande.

Lex Delles: ''Zum Beispill, wann een e Pullover wëll kafen: et huet een dem Händler iwwer Internet oder Telefon gesot, wéi ee Modell, wéi eng Faarf a wéi eng Gréisst ee gär hätt. Da kann ee bei de Buttek goen. De Commerçant ka mir dee Produit dann dobaussen ginn.''

De Choix läit also beim Patron: all Buttek dierf ophunn, mä lount et sech ënner deene Konditiounen? De Staat hëlleft elo och de Commercë bei Käschten déi net gedeckt sinn, erkläert de Mëttelstandsminister.

Lex Delles:''Bei enger Perte vu 40 Prozent sinn si eligibel fir kënne vun der Aide ze profitéieren. Op der anerer Säit waren se schonn eligibel fir d'Aide ''Relance''. Dat ass bei enger Perte vu 25 Prozent oder méi. Do hu se d'Méiglechkeet 1250 Euro pro Salarié dee schafft a 250 Euro pro Salarié deen am Chômage Partiel ass, ze kréien.''

Déi meescht Geschäftsleit hunn awer léiwer, hire Buttek ass op. Den 3. Januar sollten och d'Solden ufänken. Dee Rendez-Vous fält an d'Waasser. Wéini d'Solde kéinte sinn, weess de Minister nach net.

Lex Delles:''Solde mussen zu engem Ament kommen, wou et och nach opportun ass, deen een oder anere Schnäppche kënnen ze maachen.''

D'Solden 2021 exklusiv online ze organiséieren, schléisst de Lex Delles aus.

Back to Top
CIM LOGO