Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.196 Tester waren der 134 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 819 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 13 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 621.067 Impf-Dosisse genotzt. 2.915. Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.362 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO