
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 140 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.601 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell sinn 35 Leit hospitaliséiert, 2 (+1) Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.091 aktiv Infektiounen. 7.900 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10.