Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.416 Tester waren der 100 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 100 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 6.416 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 20 (-1) Leit hospitaliséiert, eng Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,29.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO