Porte Ouverte am EuropaparlamentDëst Joer konnten d'Leit souguer bis op de 16. Stack mam Lift eropfueren

Christophe Hochard
3.500 Leit koumen zejoert heihinner um Europadag zu Lëtzebuerg.
Europdag zu Lëtzebuerg
3.500 Leit koumen zejoert op d'Porte Ouverte vum Europaparlament zu Lëtzebuerg

Vun hei aus hate si eng flott Vue op déi ganz EU-Institutiounen um Kierchbierg.

2.300 Mataarbechter zielt d'EU zu Lëtzebuerg. Eleng 1.000 schaffen als Traducteuren. Am Joer 2019 huet Lëtzebuerg de 9.Mee als Feierdag festgehalen. Den Dag vun der Grënnung vun Europa. Un der Spëtzt vun där Iddi steet de Robert Schuman, franséischen Ausseminister.

An Zäiten, wou et ronderëm d'EU-Grenze kriselt, wou un der Hausdier vun Europa Krich ass, wär den Zesummenhalt vun der Europäescher Unioun nach méi wichteg ewéi soss.

Back to Top
CIM LOGO