Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.300 Tester waren der 118 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 819 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 10 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 626.289 Impf-Dosisse genotzt. 2.724 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.494 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO