
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 74 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.121 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell sinn 23 (+3) Leit hospitaliséiert, eng Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.105 aktiv Infektiounen. 6.862 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,21.