Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.100 Tester waren der 67 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 67 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.100 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell si 26 (+3) Leit hospitaliséiert, 3 (+2) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.124 aktiv Infektiounen. 6.910 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,14.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO