Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.121 Tester waren der 96 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 830 läit.
© RTL

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 756.276 Impf-Dosisse genotzt. 644 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 680 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO