Bilan "Dry Blood Spot"-TesterVu 27.800 serologesche Blutt-Tester war all Véierte positiv

Roy Grotz
Am Kader vum LST goufe bis Enn Juni eng 27.800 serologesch Blutt-Tester duerchgefouert, fir ze testen, ob een Antikierper géint de Covid entwéckelt huet.

Vun dësen Tester war bal all Véierte positiv; fir genee ze sinn bei ronn 8.800 Leit.

Wéi et vun der Santésministesch heescht, misst een dëse Chiffer awer a Relatioun setze mat der Progressioun vun der Pandemie an der Impfsituatioun tëscht November zejoert a Juni.

Iwwer PCR-Tester mat falsch-positive Resultater huet de Santésministère keng Indikatiounen - iwwerhaapt kéint een net wierklech vun engem reell "falsch-positiven" Test schwätzen, mee villméi vun engem Resultat, dat nëmmen liicht positiv ass, also um Ufank oder Enn vun enger Infektioun.

Dës Indikatioune liwwert d'Paulette Lenert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO