StatecVollekszielung geet den 8. November un

RTL Lëtzebuerg
Zesumme mat de Gemengen a Guichet.lu organiséiert de Statec déi 37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg.

Anescht wéi bei de leschten Editioune wëll een dës d'Kéier den Accent op eng online Participatioun leeën. Dëst ass geduecht, dat déi sanitär Mesuren esou gutt wéi méiglech solle kënnen agehale ginn.

Ënner all de Leit, déi online matmaachen, gëtt eng Lotterie organiséiert, wou een ënner anerem en Tablett oder Bluetooth-Kopfhörer gewanne kann.

D'Froe sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch ze kréien an et muss een net waarden, bis eng Persoun vun der Zielung laanscht kënnt, fir de Formulaire online auszefëllen.

Back to Top
CIM LOGO