An den Ae vun de Kommuniste wären elo vill méi déi grouss Konzerner an déi Superräich gefuerdert. Si stéiere sech och drun, dass Firme wéi Guardian oder ArcelorMittal d'Pandemie mëssbrauche géifen, fir honnerte vu Leit z'entloossen. Béid Firmen hätte scho laang viru Corona Pläng am Tirang leie gehat, fir Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ofzebauen, esou de KPL-President Ali Ruckert, deen op enger Pressekonferenz kloer Fuerderunge formuléiert huet.
"Mir fuerderen, dass déi sämtlech Kuerzaarbechter, an dat sinn der jo nach Zéngdausenden, dass déi amplaz 80 Prozent hire volle Loun ausbezuelt kréien. Mir fuerderen, dass ugemoosse staatlech Hëllefe misste komme fir kleng Betriber, déi onverschollt a Schwieregkeete komm sinn. A mir hätte gären, dass eng Corona-Steier fir Konzerner a Finanzgesellschaften agefouert gëtt, fir dass d'Folge vun der Kris kënnen iwwerwonne ginn. Et gëtt vill Suen hei am Land, et muss ee se just do huelen, wou se sinn, an dat ass ebe bei de grousse Konzerner a bei de Finanzgesellschaften."
Och de Gesondheets- a Fleege-Secteur misst massiv ausgebaut ginn, et géif net duergoen, den "Helde vun der Pandemie" z'applaudéieren. D'KPL huet sech och scho Gedanke gemaach, wéi een dat finanzéiere kéint, an zwar, andeems ee sech "onnéideg" Militärprojete wéi Fligeren, Dronen a Satellitte ganz einfach spuert.
