
D'Ofwaasser vun 13 Kläranlagen analyséiert de List all Woch, an der Lescht souguer zwee oder souguer 3 Mol d'Woch, fir e präziist Bild ze hunn. Et fält och op, datt am Oste vum Land zu Iechternach an zu Gréiwemaacher am mannste Virus konnt nogewise ginn. Och d'Bleesbréck oder d'Statioun vun Uewersyren hu méi eng niddreg Konzentratioun. Am meeschte Virus konnt d'lescht Woch zu Péiteng nogewise ginn, mä wéi gesot, den Trend confirméiert sech, datt manner Virus ënnert de Leit schéngt ze sinn.
Am Verglach dozou, d'Doudeszuelen an d'Zuel vun de Patienten op den Intensivstatioune ginn ëmmer d'Bild vu virun 2-3 Wochen zréck.