Äntwert op parlamentaresch FroVirfäll iwwer falsch Impf-Zertifikater solle gemellt ginn, sou d'Paulette Lenert

RTL Lëtzebuerg
De CovidCheck mat engem Impf-Zertifikat vu Kolleegen oder Famill ëmgoen; dat probéieren, wéi et schéngt, verschidde Leit.

An deem Kontext huet d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt eng urgent parlamentaresch Fro un d'Gesondheetsministesch gestallt.

An hirer Äntwert preziséiert d'Paulette Lenert, datt d'Police bis ewell näischt vun esou Infraktioune weess. Wien awer Informatiounen iwwert esou e Virfall hätt, soll dat mellen.

Dernieft erënnert d'Ministesch, datt et deels zolidd Strofe gi fir esou Infraktiounen.

PDF: Äntwert vum Paulette Lenert op parl. Fro vum Nancy Kemp-Arendt

Back to Top
CIM LOGO