Staarke WandVill Loft a Stuerm en Donneschdeg de Moien, 89 Asätz fir CGDIS

RTL Lëtzebuerg
An enger oranger Wiederwarnung annoncéiert Meteolux e Stuerm mat Wandspëtzte vu plazeweis bis zu 110 Stonnekilometer.
© RTL Mobile Reporter Marc Klein

D'national Wiederagence Meteolux huet eng Warnung erausginn, déi vun Donneschdeg ëm 1 Auer an der Nuecht bis an d'Mëttesstonn gëllt. Wandstäerkten tëscht 70 an 110 Kilometer d'Stonn sinn uechter dat ganzt Land méiglech.

Fir d'Zäit tëscht Donneschdeg de Moien 5 an 9 Auer huet Meteolux eng Alerte Orange erausginn. Plazeweis kann d'Wandstäerkt bis zu 110 Kilometer an der Stonn och erreechen. Fir de Recht vun der Zäit gëllt eng Alerte Jaune.

Opgepasst op de Stroossen

Et gëllt am Verkéier opzepassen, well duerch de Wand deels Beem, wéi hei an der Rue de la Mairie zu Lënster, kéinten ëmgefall sinn a Stroosse kéinte gespaart oder blockéiert sinn.
Et gëllt am Verkéier opzepassen, well duerch de Wand deels Beem, wéi hei an der Rue de la Mairie zu Lënster, kéinten ëmgefall sinn a Stroosse kéinte gespaart oder blockéiert sinn.
© RTL Mobile Reporter

Trotzdeem gëllt et opzepassen, wann een dobaussen ënnerwee ass, egal op mam Auto, Vëlo oder zu Fouss. Duerch de staarke Wand kënnen Äscht duerch d'Géigend fléien, Beem, Schëlder oder Chantiersofsperrungen ëmgefall sinn an d'Stroossen doduerch deels oder ganz blockéiert sinn. Blieder kënnen d'Fuerbunn donieft nach vill méi rutscheg maachen. Am Beschte soll ee sech och den Dag iwwer aus de Bëscher eraushalen.

Verschidden Tëschefäll wéinst dem Stuerm

Kuerz viru 6 Auer krut en Automobilist um Findel op der naasser Strooss net méi mat Zäite gebremst an ass an e Bam geknuppt, deen op d'Strooss gefall war. Den Chauffer ass och fir eng Kontroll an d'Klinik komm.

D'Rettungsdéngschter waren tëscht zwou Auer an hallwer 9 wéinst dem Stuerm eng 89 Mol am Asaz. De Gros vun den Interventioune war, fir Beem an Zesummenaarbecht mat Ponts et Chaussées aus der Strooss ze huelen. Donieft goufen 6 Clôture geraumt an de CGDIS ass zwee Mol geruff gi wéinst Problemer mat enger Fassad. Dat Schlëmmst vum Stuerm an dem staarke Wand ass zanter en Donneschdeg dem Moien laanscht, an awer kann een ënnerwee  nach vu Schëlder, Äscht oder Chantiersofsperrungen iwwerrascht ginn, déi duerch déi staark Wandstéiss an d'Strooss gefall waren.

Meteorolog am Interview: Wéi schwéier ass d'Wiederprognos fir Lëtzebuerg?

© Domingos Oliveira

Et ware Wandvitesse vu bis zu 110 km/h gemellt, de Gros ass awer scho laascht. Wéi laang am Viraus kann een esou e Stuerm viraussoen? Wéi schwéier ass et, fir d'Wiederprognose fir Lëtzebuerg ze maachen? Detailer vum Clemens Gross vu Meteokachelmann aus der Schwäiz.

Stuerm zu Lëtzebuerg, Interview mat Meteorolog

Och Grenzregioune betraff

Um Briddel war eng Ofspärung vun engem Chantier un.
Um Briddel war eng Ofspärung vun engem Chantier un.

An der Grenzregioun goufe schonn amtlech Wiederwarnungen erausginn. Den däitsche Wiederdéngscht warnt an der Regioun ëm Tréier bis Donneschdegowes 18 Auer viru Beem, déi kéinten entwuerzelt ginn an Diecher, déi duerch de Wand beschiedegt kéinte ginn. Och hei ass vu Wandspëtzte vu bis zu 110 Stonnekilometer rieds.

Am Laf vum Donneschdeg huet ënner anerem d'Deutsche Bahn matgedeelt, datt si de Fernverkéier an Nordrhein Westfalen astellen.

Verschidden Evenementer wéinst dem Wieder ofgesot

Ënner anerem wäert zu Jonglënster en Donneschdeg de "Young Walkers Day" net kënnen ofgehale ginn, heescht et vun der Lasep.

Back to Top
CIM LOGO