Nei Iddie goufe gesicht, fir awer nach dem Client e Service kënnen unzebidden, virun allem am evenementielle Beräich, do wou ee gewinnt war, vill Leit beieneen ze empfänken. Och d’Restauratioun huet vill gelidden, ma Léisunge goufen awer fonnt vu Firmen, déi komplett ëmgeduecht hunn an esou anere gehollef hunn, fir selwer weider ze funktionéieren.
Et war net einfach fir vill Societéiten, fir eng Léisung op dat ze fannen, wat elo Gesetz ass wärend der Pandemie, a wat muss agehale ginn. D'Sécherheetsmesuren hu munch een ëmdenke gelooss an esou goufen dem Client och séier nei Produiten ugebueden.
Virun allem am evenementielle Beräich ass Plaz e Manktem, ma et goufe Léisunge fonnt.
Eng RTL-Ekipp war sech den Depot vu Codex ukucken, eng Firma, déi meeschtens hir Déngschter engem Client ubitt, deen herno mam Grand Public ze dinn huet. Ma dëst ass net méi méiglech a wann, da limitéiert. An hirer Gamme vu Produiten ass elo eppes opgedaucht, wat et virdrun net ginn ass: mobil Lavaboen, déi anerer elo a Covid-Zäite brauchen.
Weider hu si sech op Oftrennunge spezialiséiert, och eppes, u wat si viru Corona ni dru geduecht hätten, wëll kee Besoin do war, ma d'Demande loossen net méi op sech waarden, schliisslech ass et e Produit, deen an der Restauratioun awer och op allen ëffentleche Plaze gebraucht gëtt.
Mir ginn an de Kultur-Beräich luussen, an der Abtei Neumünster huet misste villes ëmprogramméiert ginn, fir de Fuerderunge gerecht ze sinn. D'Directrice Ainhoa Achutegui hat vill ze dinn, fir dass d'Kultur net ganz vergiess gëtt.
Do donieft koum ee weideren Challenge op si duer, well verschidden Evenementer, ob Kultur oder net, hu misse public sinn, awer limitéiert waren, wat d'Plazen ugeet. Kuerzerhand goufen du live Iwwerdroungen an d'Liewe geruff a Livestreamen online suivéiert. Deemno ass den digitale Beräich a puncto Evenementer ëmmer méi gefrot.
Adaptéieren, ëmdenken, ëmprogramméieren, net ze vergiessen investéieren, ob elo an Desinfektiounsmaterial oder Oftrennungen, ob technescht Equipement oder Livestreaming am evenementielle Beräich, jidderee probéiert d'Kris ze iwwerliewen. Et ass d'Resultat wat zielt an elo scho kann ee soen, dass mer trotz ze wéineg Plaz net op alles hu misse verzichten.
