
Am Februar dëst Joer war den Armand Clesse jo wéinst der Ausso "D'Jeeër si Barbaren!" um Dikrecher Geriicht zu enger Geldstrof vun 100 € an zum symboleschen Euro fir zwee Jeeër, dorënner den Ex-Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener, verurteelt ginn.
Iwwerdeems den Affekot vum fréieren Direkter vum Institut d'études européennes et internationales en Dënschdeg gemengt huet, déi Ausso hätt keng Injure duergestallt, huet den Affekot vun de Jeeër erkläert, seng Clienten hätte sech an hirer Éier blesséiert gefillt.
Den Armand Clesse selwer huet en Dënschdeg de Mëtteg ënner anerem betount, hien hätt zu Dikrech kee faire Prozess gemaach kritt a wär schlecht behandelt ginn. Säin Affekot, de Me Baulisch, huet dozou gemengt, hie wär vun der Motivatioun vum 1. Urteel erschreckt gewiescht an dowéinst fir en neien 1. Prozess. D'Dikrecher Urteel sollt annuléiert ginn, well säi Client do net fräi hätt kënne schwätzen a well am Urteel Begrëffer benotzt goufen, déi d'Fro géifen opwerfen no der Onparteieschkeet vun den 1. Riichter. Déi hätte sech am Urteel defouléiert, wat net goe géif.
De Me Rosario Grasso, Affekot vun de Jeeër, huet dat anescht gesinn: D'Riichter wäre séier wuel neutral gewiescht an och wann hie Kriticken um Urteel verstoe géif, hätt déi néideg Onparteieschkeet net gefeelt. Allzäit géif hie keng Parteieschkeet erausliesen. An déi selwecht Richtung goung d'Vertriederin vum Parquet général, déi zwar iwwer eenzel Begrëffer am 1. Urteel "net amused" war an dat net sou geschriwwen hätt, et kéint een dofir awer net vu Parteieschkeet schwätzen, sou dass d'Dikrecher Urteel net z'annuléiere wär. No enger kuerzer Berodung hunn d'Appellsriichter decidéiert, dass si am Urteel op dës Fro aginn.
Fir de Rescht huet den Armand Clesse deklaréiert, dass hien d'Gesellschaft rësele wéilt, wann hie soe géif, d'Jeeër wäre Barbaren. Säin Affekot sot, dass hie sech grouss Suerge maache géif, wann dat do net méi erlaabt wär, den Affekot vun de Jeeër, dass déi mam 1. Urteel zefridde waren an d'Vertriederin vum Parquet général, dass si et de Riichter iwwerléisst, wat gesprach gëtt.
D'Appellsurteel ass fir den 13. Oktober.