
Him gouf „Attentat aux moeurs en relation avec un mineur" virgehäit. Géint de fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique gouf de Viol vun op d'mannst engem Mannerjäregen zréckzebehalen. Dofir sollten 10 Joer Prisong gesprach ginn, woubäi et am Ermiesse vum Geriicht léich, ob de Mann circonstances atténuantes zegutt hätt.
Den Ugekloten hätt no Jonken ënner 18 Joer a besonnesch no 16 bis 17 Joer ale Männer gesicht, huet de Vertrieder vum Parquet betount. Hien huet vu 14 Affer geschwat, woubäi een net identifizéiert gi wär. De fréieren Enseignant hätt scho bei der Kontaktopnam op enger Internetplattform fir Homosexueller Messagë mat sexueller Connotatioun verschéckt. Déi wären all pornografesch gewiescht, verschiddener gewalttäteg an eenzeler vläicht esouguer contraire zu mënschewierdeg.
De Selbstmord vun engem Mineur wär dem Beschëllegten indirekt zouzerechnen. Dobäi hätt de suspendéierte Proff vun engem Jonke gesot kritt, hie sollt dee Mannerjäregen net méi kontaktéieren. Wouropshin d'Mamm vun deem Mineur hir Emotiounen nees net zeréckhale konnt an de Sall erëm huet misse verloossen.
Fir de Vertrieder vum Parquet hätt den Ugeklote misse wëssen, dass déi Jonk manner wéi 18 Joer haten. Vun engem gewëssene Moment u wär dat dem Mann awer egal a säi Wonsch no jonke Männer, deenen hir Onräift hien ausgenotzt hätt, méi staark gewiescht. De Mann hätt zwar wuel gesot, dass hien d'Faite bedauere géif, de Vertrieder vum Parquet hat awer d'Impressioun, dass dat „Lippenbekenntnisse" waren.
De fréiere Proff hätt nämlech virun de Riichterinnen eng Zäitche vun der eegener schlechter Situatioun geschwat, net awer vun där vun de Mineuren, a wär sech dem Schlechten net bewosst, dat hie gemaach hätt: Dowéinst sollt hie fir 10 Joer an de Prisong. Dogéint hat de Me Lanoue, Affekot vum Beschëllegten, gemengt, de Mann hätt säi Bedaueren ausgedréckt a sollt dofir vu circonstances atténuantes profitéieren. Et sollt eng Prisongsstrof mat largem Sursis gesprach ginn.
D'Urteel ass fir de 15. Januar.
RTL NEWS: Ugekloten: „Ech si frou, dass ech net pedophil sinn, well d'Limitte si gefall!"
RTL NEWS: Ex-Proff gëtt wéinst Viol u Mannerjäregem beschëllegt