PolicekontrollenVerstéiss géint CovidCheck-Regime an 8 Hoteller, Restauranten a Caféen

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 8. bis de 14. November huet d'Police verstäerkt am Horeca-Secteur Kontrollen duerchgefouert.
© Pixabay / Alexandra_Koch

De Fokus louch bei de ronn 115 Kontrollen um CovidCheck. Kontrolléiert gouf, ob sech a Restauranten, Baren a wärend Evenementer un d'Covid-Reegele gehale gouf. Dobäi huet d'Police an 8 Lokaler Verstéiss gemellt. Sou hunn e puer vun hinnen zum Beispill net kontrolléiert gehat, ob d'Clienten en 3G-Zertifikat dobäi haten.

Donieft kruten 10 Leit eng Amende, well si géint déi aktuell sanitär Virschrëfte verstouss hunn.

Wärend de Kontrolle goufe d'Beamten iwwerdeems op falsch "CovidCheck"-Zertifikater opmierksam gemaach. D'Iwwerpréiwunge lafen. Dowéinst den Appell vun der Police, dass jiddereen, deen e gefälscht Dokument benotzt oder enger Persoun esou een Dokument zur Verfügung stellt, mat juristesche Konsequenze rechne muss.

Back to Top
CIM LOGO