
2020 ass e Joer wat an Erënnerung bleift, och bei den Hëllefsorganisatiounen. Beim Roude Kräiz waren eng ganz Partie Zerwisser vu Corona betraff an déi sanitär Kris huet ongewinnten Aufgabe mat sech bruecht.
Nawell war d'Haaptzil vun der Croix Rouge dat fir ze hëllefen, do wou dat néideg ass. Och d'Solidaritéit vu bausse war wärend der Kris grouss.
Mir hunn eis missten ëm déi dausende Beneficiaire këmmeren a si gläichzäiteg viru Covid schützen, gëtt du Luc Scheer, Direktiounsmember vum Roude Kräiz, eis ze verstoen.
Eng Rëtsch Zerwisser goufe vun der Pandemie duerchernee gerëselt. An de Bistrot social koumen am Verglach zu 2019 just e knappen Drëttel vun de Leit.
An der Nuetsstruktur fir Sans-abris goung et dogéint bei den Accueilen ëm 72% erop.
Am Nightshelter ware méi Besoinen, gläichzäiteg konnte mer net sou vill Streetwork maache wéi soss a mir konnten d'Leit och net sou vill am Bistrot social gesinn, dat aus aus Gesondheetsgrënn.
An anere Beräicher waren d'Changementer zwar fundamental, awer an den Zuele méi subtil.
An de Soins à domicile hu mer missten eis Presenz an eise Kontakt mat de Beneficiairen upassen, fir den Infektiounsrisiko kleng ze halen.
Am Kanner- a Jugendberäich waren d'Maison Relaisen eng Zäit zou an d'Kolonië konnten net ofgehale ginn.
Da koume mat der Kris och nei Engagementer fir d'Rout Kräiz, sou gouf zum Beispill de Centre Réhabilitation zu Kolpech temporär zu engem Covid-Spidol. Dernieft goufen Hoteller bedriwwen, fir Leit ouni Daach iwwer dem Kapp eng Quarantän ënner gudde Bedéngungen z'erméiglechen.
Bei der Distributioun vu Schutzmaterial konnt d'Croix Rouge op d'Erfarung am Beräich vun der humanitärer Logistik zeréckgräifen.
Mir hu bei iwwer 2 Milliounen Artikelen, Masken, Gel asw d'Logistique fine gemaach, fir eben de ganze Secteur domat ze versuergen an der éischter Phas vun der Kris, wou dat ganz schwéier war.
D'Corona-Kris hätt warscheinlech déi sozial Inegalitéite verstäerkt, mengt de Luc Scheer, ma déi meescht Konsequenze géing een awer eréischt mëttel- oder laangfristeg gesinn.
Bei den international Aktivitéite goung et drëm, fir déi grouss Projeten um Lafen ze halen a fir d'Leit esou gutt et geet viru Corona ze schützen.
Et gëtt den Ament jo ënner anerem grouss Krisen an Afghanistan an an Haiti. Am Karibikstaat ass d'Lëtzebuerger Kräiz mat um Terrain, fir ze hëllefen, déi Ekippe wieren elo dohannen ukomm, sou de Luc Scheer.
Beim rezenten Héichwaasser huet d'Croix Rouge mat Ambulancieren an der Äifel gehollef, soss waren zu Lëtzebuerg d'Assistants sociaux verstäerkt am Asaz.
Wat de Solidaritéitsfong ugeet, do wieren d'Leit generéis gewiescht, wat iwwregens och fir dat ganzt lescht Joer gëllt.
Mir hunn absolut keen Abroch an der Solidaritéit a beim Engagement gesinn, ganz am Contraire.
Och déi Fräiwëlleg hätte sech an all dëse Krise-Méint staark mobiliséiert, begréisst de Luc Scheer.