ArcelorMittalVerloscht vu 447 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Inflatioun schreift de Stolproduzent ArcelorMittal am zweeten Trimester ganz iwwerraschend rout Zuelen.

Ënnert dem Stréch steet e Verloscht vu 447 Milliounen Dollar.

Zejoert hat de Stolproduzent nach e Gewënn vun 1,9 Milliarden Dollar gemaach. De Chef vun ArcelorMittal, de Lakshmi Mittal, schwätzt vun enger klorer Erausfuerderung, déi duerch d'Iwwercapacitéiten am Secteur entstinn: et gëtt ze vill Stol produzéiert. Hien rechent elo domadder, dass déi weltwäit Demande no Stol dëst Joer ëm 0,5 bis 1,5 Prozent wiisst. Bis ewell war een awer vun engem Prozent ausgaangen.

Back to Top
CIM LOGO