
Nodeems déi nei Corona-Mesuren annoncéiert goufen, hat den Daachverband vun de Restaurateuren a Cafetieren eng Entrevue mam Mëttelstandsminister Lex Delles. Dobäi hätt den Horesca eng helle Wull u Revendicatiounen un d'Regierung adresséiert, ass an engem Communiqué ze liesen.
Esou missten d'staatlech Hëllefe bis op d'mannst Enn Juni weider lafen. Donieft gëtt eng Entrevue mam Finanzminister gefrot, fir iwwer speziell Horesca-Hëllefen ze diskutéieren.
Gefuerdert gëtt och e Bong, änlech wéi dee fir Hoteller, deen am Horesca-Beräich kéint ageléist ginn an 1 Joer valabel wier.
Et bleift een och weiderhi bei der Fuerderung, dass den Taux vun der TVA op all hir Prestatiounen op 3% soll reduzéiert ginn.
An et wéilt ee mat der Gesondheetsministesch beienee kommen, fir zesummen ze preparéieren, wéi een den 1. Februar nees kéint opmaachen. Proposéiert gëtt beispillsweis eng eege Campagne vum Large Scale Testing, speziell fir d'Leit, déi am Secteur schaffen.
