
E Mëttwoch de Moie géint 7.50 Auer krut en Auto eng Trottinette-Fuererin ze paken. D'Fra war op der Vëlosspuer ënnerwee, wéi e Gefier si gesträift huet. Doropshin ass si op de Buedem gefall a gouf liicht blesséiert.
Amplaz stoen ze bleiwen ass den Automobilist mat engem donkele Kombi a Richtung Kräizung Escher Strooss/Hollerecher Strooss weidergefuer.
All Informatioune si fir d'Police Gare/Hollerech ënnert der Nummer 244 44 1000.