Anzéie vun engem FührerschäinVerdikt vun Abrëll 2018 gouf confirméiert

RTL Lëtzebuerg
An enger Affär, an där et ëm d'Anzéie vun engem Führerschäi goung, huet e Mann op der Cour administrative Onrecht kritt.
© AFP

Dat nodeems en Expert mat Froe befaasst gouf, zum Beispill zur Fiabilitéit vun Hoerprouwen, fir ze bestëmmen, ob eng Persoun Alkohol gedronk huet oder net an ob extern Facteuren eng Influenz op d'Resultat vu sou Tester hunn.

Opgrond vun där Expertis huet d'Verwaltungsgeriicht den Appell vum Mann géint d'éischt Urteel als net justifizéiert ugesinn. Déi zweet Riichter hunn dowéinst de Verdikt vum Tribunal administratif vun Abrëll 2018 confirméiert.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

Dem Expert, engem Schwäizer Dokter, no kéint d'Analys vun Ethylglucuronid, kuerz EtG, an den Hoer op d'Fro no enger Alkohol-Consommatioun e puer Woche bis e puer Méint virun der Prouf äntweren, woubäi an dësem Fall d'Hoer- a Bluttanalysen net déi selwecht Observatiounsperioden ofgedeckt hätten. Dofir wär et onméiglech, fir se ze vergläichen. E puer wëssenschaftlech Etüden hätten e Risiko vu Kontaminatioun oder Degradatioun vum EtG an den Hoer duerch kosmetesch Produiten, Shampoingen, Lotiounen oder verschidden Hoerbehandlunge bewisen. Dowéinst wär et wichteg, dass de Labo, deen d'Analyse mécht, iwwer eventuell kosmetesch Traitementer vun den Hoer informéiert gëtt, fir déi Informatioune bei der Diskussioun iwwert d'Resultater a Betruecht ze zéien.

Déi zweet Riichter halen an hirem Urteel ebe fest, dass d'Hoer- a Bluttanalysen net déi selwecht Observatiounsperioden ofgedeckt hätten an et dofir onméiglech wär, fir se ze vergläichen, wëssend, dass e puer wëssenschaftlech Etüden e Risiko vu Kontaminatioun oder Degradatioun vum EtG an den Hoer gewisen hätten. De Mann hätt awer net bewisen, wat fir Produiten hien zu wat fir enger Zäit a wat fir enge Quantitéiten ongeféier benotzt huet. Dofir wär et schwéier, eppes zu enger eventueller Wierkung ze soen. D'Cour kënnt dowéinst zur Konklusioun, de Beweis wär net erbruecht, dass en Element vu baussen d'Resultater vun den Hoerprouwe beaflosst hätt. De Minister hätt dofir zu Recht festhale kënnen, dass de Mann net fäeg wär fir ze fueren, an him de Führerschäin ofhuele kënnen. De Mann hätt keng Indemnité de procédure zegutt a misst fir d'Fraise vum Appell a fir d'Hallschent vun den Expertisekäschten opkommen. Déi aner Hallschent hätt de Staat ze droen.

Back to Top
CIM LOGO