Éischten Informatiounen no soll de Mann an enger Kéier en Hang erofgefall sinn. Hie gouf schwéierblesséiert an d'Spidol bruecht, wou hie kuerz drop u senge Blessure gestuerwen ass.

Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet, fir erauszefannen, wéi et zum Ongléck komme konnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus dem Kiischpelt, grad wéi de Rettungshelikopter.