
Um 6:45 Auer sinn op der A3 an Direktioun Stad zwou Persoune blesséiert ginn, wéi en Auto e Moto ze pake krut. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren op der Plaz, grad ewéi d'Stater Ambulancieren.
Géint 8:30 Auer gouf dann e Motocyclist um CR110 tëscht Grass a Klengbetten vun engem Autosfuerer ugestouss. D'Stater Ambulancieren an den Noutdokter vum Samu waren hei am Asaz, an och d'Pompjeeë vu Stengefort waren op der Plaz.
Géint 10:10 Auer gouf dann eng Persoun an der Rue de la Gare zu Betteng op der Mess vun engem Auto erfaasst. D'Pompjeeë vun Dippech an d'Escher Ambulancieren hu sech ëm si gekëmmert.