
Nodeems Onbekannter sech nuets an der Schwämm de Batti gestallt haten, gouf op der Facebook-Säit vun der Réidener Schwämm eng Plainte ugekënnegt.
Um fréie Méindeg Moie géint 02.40 Auer haten zwou Persoune sech an der Réidener Schwämm gutt donieft beholl. Si hu kleng Dëscher auserneegeholl a Ligestill op d'Basenge gepucht, déi zougedeckt waren.
Déi Responsabel vun der Schwämm haten de Vandalen op Facebook felicitéiert a mat enger Plainte gedreet. Et hätt ee ganz vill Fotoen an et wier ee sech sécher, datt d'Police déi zwee identifizéiere kéint. Am Post war och eng relativ onschaarf Foto, op där een zwou Persoune gesinn huet, awer net erkenne konnt.
Déi presuméiert Vandalen hätten allerdéngs nach 24 Stonnen Zäit, sech vum selwen ze mellen, iert ee bei d'Police géing goen.
De Post huet séier fir vill Reaktioune gesuergt. Ënnert anerem huet ee Kommentator gefuerdert, déi presuméiert Vandale missten zur Strof ee Joer laang fir näischt an der Piscine schaffen.
Wéinst deene ville Reaktiounen huet den Direkter vun der Réidener Schwämm Jean-Claude Kemmer dann awer decidéiert, de Post nees ze läschen a scho viru sengem Delai eng Plainte ze maachen. Et hätt een net domat gerechent, datt de Post esou grouss Welle géif schloen.
Déi zwee Onbekannt hätte sech awer nach net gemellt. D'Schwämm huet d'Bildmaterial der Police weider ginn an iwwerléisst hinnen elo d'Enquête.