Wéinst Déierequälerei viru GeriichtUrteel géint ee Mann, dee säin Hond doutgeschloen huet
RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie gouf um Stater Geriicht een Urteel an enger Affär vun Déierequälerei gesprach. Den Ugeklote krut ee Mount Prisong mat Sursis.
Update: 25.06.2020 10:15
Dobäi kënnt eng Geldstrof vu 1.500 Euro an ee Verbuet vu 5 Joer, fir Déieren ze halen.
Dem jonke Mann war virgehäit ginn, am Dezember zu Uewerkuer säi klengen Hond vu 4 Méint esou uerg geschloen ze hunn, datt dee knapp 11 Stonnen drop gestuerwe war.