
Ënner anerem gouf dat vun Tango confirméiert. Et gëtt de Leit geroden, den Uriff net opzehiewen an d'Nummer bei hirem Operateur spären ze loossen.
D'Situatioun ass och bei eisen Noperen aus der Belsch bekannt, datt ënnert dem Numm "Wangiri". Déi Kriminell erhoffe sech doduerch, datt si zeréckgeruff ginn an da probéiere si d'Leit esou laang wéi méiglech an der Leitung ze halen. Well een op eng Premium-Nummer zeréckrifft, muss een hei fir all Minutt an der Leitung bezuelen.
Aus dem Liberia sinn aktuell dës Nummere bekannt: +231239895013, +23120584601, +231395110