
Den entspriechenden Text, deen am Dezember zejoert vun allen Fraktiounen an der Chamber deposéiert gi war, gouf an der zoustänneger Institutiounen-Chamberkommissioun analyséiert. Basis war den Avis vum Staatsrot zu deem Text.
Déi héich Kierperschaft hat juristesch Problemer gesi beim Punkt, datt d'Parteie sollten an Zukunft eng "Capacité juridique" duerstellen, fir zum Beispill Bureaus-Raimlechkeete kënnen ze lounen oder ze kafen.
Wëll d'Deputéiert d'Gesetzespropositioun awer wëlle bis zum Enn vum Joer stëmmen, gouf decidéiert, datt dee Punkt fale gelooss gëtt, sou datt Parteien keng juristesch Entitéite ginn. An enger weiderer Gesetzesännerung soll dann op deem Punkt tranchéiert ginn.
Well et d'Zil vun alle Fraktiounen ass, datt mam neien Budgetsjoer och sollen déi nei Parteiefinanzéierungs-Bestëmmungen gëllen, wäert d'Proposition de Loi nach virun de Chrëschtdeeg gestëmmt ginn.
An der Haaptsaach geet et an der Gesetzes-Propositioun drëms, datt d'Dotatioune fir d'Parteien, no 12 Joer, ugepasst ginn.
40% méi staatlech Suen fir d'Parteien
Am Kloertext geet et also ëm Suen: Parteien, déi mat komplette Lëschten an allen 4 Bezirker kandidéieren an an der nationaler Moyenne minimum 2% vun de Stëmmen krutten, kréien an Zukunft eng Dotatioun vu ronn 143.000 Euro (7.500 points indiciaires), dee Forfait war soss 100.000 Euro. Fir all Prozentpunkt méi, gëllt eng Zomme vu ronn 15.000 Euro (800 Punkten) - dat waren soss 11.500 Euro.
All d'Montanten sinn un den Index gekoppelt.
A wa mer scho bei de Suen sinn: ewell Enn zejoert waren d'Dotatiounen fir d'Fraisen vun de Fraktiounen ze decken eropgesat ginn; an zwar vu Brutto ronn 3.700 op ronn 6.500 Euro de Mount.
Wuelgemierkt sinn dës Suen awer net fir d'Deputéiert selwer destinéiert, mee fir de Staff dee fir d'Fraktioun agestallt ass a schafft.
D'Chamber-Administratioun selwer krut dëst Joer via de Budget knapp 47 Milliounen Euro, zejoert waren dat nach 4 Millioune manner.
An engem anere Punkt, dee nei festgeschriwwe gëtt, steet, datt all individuell Walcampagne vun engem Kandidat muss am Bilan vun der respektiver Partei detailléiert vermierkt sinn. Wann zwou oder méi Parteien oder Groupementer mat enger Lëscht zesummen an d'Walen ginn, ënnerleie se allebéid dem Parteienfinanzéierungsgesetz. Am anere Fall spille Sanktiounen. Dëse Punkt reegelt also Fäll wéi et zum Beispill 2018 de Fall war, wéi sech d'Piraten mat der PID ëm de fréieren ADR-Politiker Jean Colombera zesummegedoen haten.
