Fir nei StudentenUni.lu féiert Cotisatioun vu 50 Euro fir Umeldung an

RTL Lëtzebuerg
Vum akademesche Joer 2022-2023 u musse Studenten, déi sech op der Uni Lëtzebuerg aschreiwe wëllen, 50 Euro fir hir Umeldung bezuelen.
© Maurice Fick / RTL
D'Sue kommen dem administrativen Opwand zegutt a solle sécherstellen, datt d'Kandidaten eng positiv Entrée an hiert Unisliewe kréien. Dat erkläert d'Uni.lu de Méindeg

op hirer Websäit.

D'Cotisatioun gëtt vum Februar 2022 u vun all Kandidat, egal wou e wunnt oder wéi eng Nationalitéit en huet, erhuewen. Ausname ginn et awer. Esou musse Studenten an hirem Doktorat oder Gaaschtstudenten déi Cotisatioun zum Beispill net bezuelen.

Wann de Kandidat ugeholl gëtt, ginn him déi 50 Euro vun de Studiebäiträg ofgerechent. Kandidaten, déi net ugeholl ginn, kréien d'Suen allerdéngs net zeréck.

Back to Top
CIM LOGO