
D'Dokteraarbecht wier exzeptionell, net nëmme vun engem akademeschen, ma och vun engem politesche Point de vue, esou säin Dokterpapp Prof Thorsten Lehnert. De Carmine Gabriele huet nieft sengem Doktorat Pleintemps beim Europäesche Stabilitéitsmechanismus geschafft. Seng Fuerschung géif dozou bäidroen, verschidde Volete vun der finanzieller Stabilitéit besser ze verstoen, esou d'Uni Lëtzebuerg.

D'Universitéit freet sech iwwert den 1'000. Doktertitel, fir si e wichtege Meilesteen an hirer jonker Geschicht. Nodeems d'Uni 2003 gegrënnt gouf, kruten 2006/07 déi 9 éischten Doktoranden hiren Titel. Mëttlerweil wieren 900 Doktoranden op der Uni ageschriwwen.