
Ënnert anerem hätt e Freideg Mëtteg géint 16 Auer eng Fra ugeruff, well e Chauffer kuerz virun der Aire de Berchem matten op der Autobunn a sengem Auto geschlof huet. D'Fra déi ugeruff hat an d’Bäifuererin hätte gehollef, den Auto op d'Pannespuer ze bréngen. Wéi d'Police ukomm ass, wier den Alkoholtest positiv ausgefall. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet.
E Freideg géint 19 Auer gouf der Police eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi op enger Tankstell zu Gaasperech randaléiere géif. Wéi d'Policebeamten ukomm sinn, ass festgestallt ginn, dass d'Persoun eng Fläsch Alkohol geklaut hat a sech aggressiv behuele géif. Well d'Persoun eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, dass dës, no enger medezinescher Kontroll, an Arrest koum.
E Freideg den Owend géint 22 Auer gouf dann nach eng Persoun an der rue Adolphe Fischer an der Stad gemellt, déi Gefierer gehënnert huet, fir weiderzefueren. Wéi d'Beamte bei déi genannte Persoun koumen, ass séier opgefall, dass dës, wéinst hirem alkoholiséierten Zoustand, sichtlech Problemer beim Goen hat. Och hei huet d'Persoun eng Gefor fir sech an anerer duergestallt an et gouf decidéiert, dass dës, no enger medezinescher Kontroll, an Arrest koum.