
D'Rettungsservicer haten nawell vill ze dinn um Freideg. Géint 8:20 Auer sinn an der Route de Trèves zu Nidderaanwen zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Eng Stonn méi spéit ass zu Gaasperech an der Rue Christophe Plantin en Automobilist mat sengem Gefier an e Blummebac gerannt. Hei blouf et beim Materialschued.
Géint 10:30 Auer sinn zu Alzeng an der Rue Albert Bousser zwee Autoe kollidéiert. Hei gouf och nees eng Persoun blesséiert. Quasi zur selwechter Zäit sinn op der A1 a Richtung Stad en Auto an e Camion net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS schreift, gouf kee verwonnt. Um 10:50 Auer ass op der N24 vun Uewerpallen a Richtung Biekerech en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.
Am Nomëtteg huet et dann nach e puermol geknuppt. Dat zum Beispill géint 13 Auer op der N12 tëscht Aasselbuer an Ëlwen, wou een Auto an ee Camion net laanschtenee koumen. Eng Ambulanz vu Clierf huet sech ëm déi zwee Blesséiert gekëmmert. Zu Kauneref an der Buregaass gouf géint 15 Auer eng Persoun blesséiert, wou een Auto an eng Camionnette net laanschtenee koumen. Eng Ambulanz vu Wolz war op der Plaz.
Géint 15:30 Auer huet de Wand um CR108 tëscht Stengefort an Äischen dann nach een Aascht an d'Strooss geblosen, wou grad een Auto gefuer koum. D'Ambulanz vu Stengefort huet sech ëm déi zwee Blesséiert gekëmmert. D'Streck bleift aus Sécherheetsgrënn iwwert de Weekend gespaart, heescht et vun der Police.