Wiederwarnung wéinst héije Wandvitessen Vill Beem an Äscht an de Stroossen um Freidegowend

RTL Lëtzebuerg
Meteolux hat fir e Freideg eng Alerte jaune wéinst staarkem Wand rausginn. No engem Accident wäert d'Strooss tëscht Äischen a Stengefort de Weekend iwwer aus Sécherheetsgrënn gespaart bleiwen.
© AFP (Archiv)

Wéi de staatleche Wiederdéngscht op sengem Internetsite schreift, war e Freideg tëscht 12 Auer mëttes an Hallefnuecht mat Wandvitesse vun tëscht 65 a 85 Kilometer an der Stonn a Reeschaueren ze rechnen.

Hutt Dir Fotoe vun den Auswierkunge vum staarke Wand? Da schéckt se eis op d'Mail "meteo@rtl.lu" a schréift eis derbäi, wéini a wou se gemaach goufen.

D'Bëscher soll een am beschten evitéieren an och duerno nach oppassen, well d'Beem sinn nom dréchene Summer nach ëmmer gestresst – et ass just een Drëttel vum Ree wéi soss am Summer gefall -  an Äscht kënnen erof falen a ganz Beem noginn.

D'Police mellt, datt den CR108 tëscht Äischen a Stengefort aus Sécherheetsgrënn de ganze Weekend iwwer wäert gespaart bleiwen. Een Aascht war hei schonn op een Auto gefall an hat een Accident verursaacht. Dem CGDIS no goufen zwou Persounen an dem Accident blesséiert, zu deem et géint 15:30 Auer komm war. D'Pompjeeë vun Habscht an eng Ambulanz vu Stengefort waren op der Plaz. D'Deviatioun de Weekend iwwer geet iwwer Habscht.

Schonn ëm 15 Auer louchen eng jett Beem op der Strooss, dat ënnert anerem op der N25 tëscht Kautebaach a Wolz an op der N12 tëscht Hierheck a Groussbus. Am Laf vum Nomëtteg koumen eng Rei Stroossen derbäi, wou et net gutt duerch geet. Weider Infoen dozou, wou den Trafic den Ament duerch d'Wieder beanträchtegt ass, fannt Dir hei ënnendrënner an eisem "Live aus dem Trafic-Studio".

Météo
Wéi gëtt d'Wieder? Dat ass eng Fro, déi jidderee sech Dag fir Dag stellt. An eiser Météo gitt Dir dat vu Méindes bis Sonndes gewuer.

Back to Top
CIM LOGO