
Et ass eng bewosst Diskriminatioun vun eelere Leit iwwer 85 Joer, datt si d'Vaccinatioun géint d'Pneumocoques net rembourséiert kréien, seet d'ULC, déi domat d'aktuell Dispositioune vun der CNS viséiert: Aktuell kréien dës Impfung, déi géint d'Longenentzündung soll protegéieren, nëmme Leit rembourséiert, déi tëscht 65 an 85 Joer al sinn oder zu engem Risikogrupp gehéieren.
Dat bezeechent de Konsumenteschutz als willkürlech Diskriminatioun vun Leit iwwer 85 Joer, déi dach grad wärend der Corona-Kris besonnesch misste geschützt ginn. D'Revendicatioun vun der ULC ass kloer: D'CNS soll och d'Vaccin-Käschte vu genee dëse vulnerable Leit iwwerhuelen.